Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Kantonen

Vu Wikipedia

Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lag vun de Kantonen

D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der franséischer revolutionärer Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Capellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden[1].

Vun 1857 bis 1867 hunn d'Kantone Miersch a Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert, deen 1867 ofgeschaaft gouf[2],[3].

Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren. Dat war de Fall, wéi d'Gemenge Baastenduerf a Fouhren zur neier Gemeng Tandel[4] fusionéiert hunn: de Kanton Veianen ass e wéineg méi grouss ginn, an de Kanton Dikrech e wéineg méi kleng.

Verwaltungseenheeten

[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Et gëtt weeder Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.

Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraafttriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972[5] war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn[6], an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.

Kantonstabell

[änneren | Quelltext änneren]
Zuelen op den 1. Januar 2024
LAU1-Code Numm Haaptuertschaft Walbezierk Geriichtsbezierk Awunner[7] Fläch a km²[7] Densité[7]
Aw. pro km²
Gemengen
LU-01 Capellen Capellen Walbezierk Süden Lëtzebuerg 54.352 199,21 272,84 9
LU-02 Esch-Uelzecht Esch-Uelzecht Walbezierk Süden Lëtzebuerg 192.739 242,77 793,92 14
LU-03 Lëtzebuerg Lëtzebuerg Walbezierk Zentrum Lëtzebuerg 207.650 238,46 870,80 11
LU-04 Miersch Miersch Walbezierk Zentrum Lëtzebuerg 36.262 223,90 161,96 10
LU-05 Klierf Klierf Walbezierk Norden Dikrech 21.214 342,17 62,00 5
LU-06 Dikrech Dikrech Walbezierk Norden Dikrech 35.764 204,51 174,88 10
LU-07 Réiden Réiden op der Atert Walbezierk Norden Dikrech 21.138 267,49 79,02 9
LU-08 Wolz Wolz Walbezierk Norden Dikrech 19.530 264,55 73,82 7
LU-09 Veianen Veianen Walbezierk Norden Dikrech 5.680 78.52 72,34 3
LU-10 Iechternach Iechternach Walbezierk Osten Dikrech 20.283 185,54 109,32 7
LU-11 Gréiwemaacher Gréiwemaacher Walbezierk Osten Lëtzebuerg 33.047 211,37 156,35 8
LU-12 Réimech Réimech Walbezierk Osten Lëtzebuerg 24.391 127,87 190,75 7
Total Lëtzebuerg 672.050 2.586,36 259,84 100
Commons: Lëtzebuerger Kantonen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Maximilian Richard, Kantone: Kinder der Revolution op wort.lu den 11. Januar 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 11. Januar 2019 (S. 15) ënnert dem Titel Kinder der Revolution. Kantone haben hierzulande Tradition – ihre Geschichte beginnt im 18. Jahrhundert.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Raymond Dhur, D'Andeelung vum Groussherzogtum an Distrikter, Geriichtsbezierker a Kantonen, in Newsletter ACTuel Nr 5
  2. Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 30. Mee 1857, iwwer d'Erriichte vun engem Distriktcommissariat zu Miersch, publizéiert am Memorial N° 16, éischten Deel, vum 3. Juni 1857, S. 153
  3. Gesetz vum 4. Mee 1867, iwwer d'Suppressioun vum Distriktcommissariat vu Miersch, publizéiert am Memorial N° 17, éischten Deel, vum 15. Juni 1887, S. 125
  4. Fusiounsgesetz vun der Gemeng Tandel
  5. Gesetz vum 12. Abrëll 1972 iwwer d'Reorganisatioun vun de Friddengeriichter, publizéiert am Mémorial A N° 32, vum 28. Mee 1972, S. 954
  6. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Mémorial N° 48 vun 1846, S. 451
  7. 7,0 7,1 7,2 (fr)Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 01.11.2024.