Op den Inhalt sprangen

Kanton Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Kanton Esch-Uelzecht
Land Lëtzebuerg
Chef-lieu Esch-Uelzecht
Gemengen Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng
Fläch 242,77 km²
Awunner 192.739
Héicht (Moyenne) 341 m

De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vu Lëtzebuerg.

E grenzt am Norden un d'Kantone Capellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.

Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:

Kanton Esch-Uelzecht
LAU-Code Gemeng Fläch (km²)[1][2]
LU0201 Beetebuerg 21,49
LU0202 Déifferdeng 22,18
LU0203 Diddeleng 21,38
LU0204 Esch-Uelzecht 14,35
LU0205 Fréiseng 18,43
LU0206 Keel 14,86
LU0207 Leideleng 13,57
LU0208 Monnerech 21,40
LU0209 Péiteng 11,93
LU0210 Reckeng op der Mess 20,42
LU0211 Réiser 23,80
LU0212 Rëmeleng 6,83
LU0213 Suessem 24,42
LU0214 Schëffleng 7,71
Fläch vum Kanton 242,77

De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat dobäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par Rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.

Sou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mä d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.

Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841[3] tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.

Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht sou e Milizkanton ginn ass[4], deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zanter 1846[5] mam Justizkanton iwwerenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).

Déi follgend Awunnerzuele[6] bezéie sech op den Datum vun der Vollekszielung wat d'Jore bis 1970 an 1981, 1991, 2001 an 2011 ugeet, déi aner sinn déi vum éischte Januar.

Joer       Awunner
1851 16 661
1871 20 610
1880 24 667
1890 33 626
1900 51 964
1910 68 579
1922 74 329
1930 104 940
1935 97 943
Joer       Awunner
1947 94 904
1960 108 379
1970 114 778
1978 115 282
1981 114 483
1985 112 410
1991 116 501
1995 122 746
2001 134 674
Joer       Awunner
2005 141 153
2011 152 479
2015 164 604
2016 167 955
2017 172 687
2018 176 820
2019 180 275
2020 183 364
2021 185 184
Joer       Awunner
2022 186 486
2023 189 540

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 20.11.2022.
  2. (fr)Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 11.05.2023.
  3. Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841, N° 19, iwwer d'Fixatioun vun der Circonscriptioun vun de Friddensgeriichter an dem Ressort vun de Bezierksgeriichter, publizéiert am Memorial Nr 53 vun 1841, S. 461
  4. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Februar 1817, Nr. 57, iwwer d'Andeelung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 12 vum 14. Mäerz 1817, S. 145
  5. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 48 vun 1846, S. 451
  6. STATEC zanter 1851 a [CTIE https://lustat.statec.lu/vis?fs[0]=Th%C3%A8mes%2C1%7CPopulation%20et%20emploi%23B%23%7CEtat%20de%20la%20population%23B1%23&pg=0&fc=Th%C3%A8mes&df[ds]=release&df[id]=DF_X021&df[ag]=LU1&df[vs]=1.0&pd=2017%2C2023&dq=A] zanter 2017