WR 124
Ausgesinn
De WR 124 (och QR Sge genannt)[1] ass e Risestär am Stärebild Sagitta an ee vun de rareste Wolf-Rayet-Stäre mat enger Uewerflächentemperatur vu 50.000 Kelvin. De Stär ass 15.000 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng visuell Magnitude vun 11,8 mag.[2] Den extreeme Stärewand, dee vun him ausgeet, dreift zanter ronn 10.000 Joer säi Mantel mat héijer Vitess vun him ewech a formt sou e beandrockende Planetareschen Niwwel mat der Bezeechnung M1-67.
Den Objet gouf vum Astronom Paul Willard Merrill am Joer 1938 entdeckt.
- Spektralklass: WN8
- Mass: zirka 4 × 1031kg (20 Sonnemassen)
- Fluchtvitess: zirka 2.000 km/s
Koordinaten (Equinoxe 2000)[3]
- Rektaszensioun: 19h 11m 31s
- Deklinatioun: +16°51'38"
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 14.06.2007. Gekuckt de(n) 02.07.2013.
- ↑ https://zimmer.csufresno.edu/~fringwal/comp2.3lis
- ↑ https://cdsweb.u-strasbg.fr/cgi-bin/bibobj?2001A%26A...370..513G&WR+124