Op den Inhalt sprangen

Ralph Richardson

Vu Wikipedia
Ralph Richardson
Gebuertsnumm Ralph David Richardson
Gebuer 19. Dezember 1902
Cheltenham
Gestuerwen 10. Oktober 1983
London
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur
Famill
Bestuet mat Meriel Forbes


De Sir Ralph David Richardson, gebuer den 19. Dezember 1902 zu Cheltenham an England, a gestuerwen den 10. Oktober 1983 zu London, war en englesche Schauspiller.

De Ralph Richardson huet nieft dem Laurence Olivier an dem John Gielgud zu de bedeitendste brittesche Charakterduersteller vu senger Generatioun gezielt. Am Theater hat hie mat Rollen a Shakespeare-Stécker vill Erfolleg.

Hie war an iwwer 80 bekannte Kinos- an TV-Filmer ze gesinn, wéi: Anna Karenina (1948) vum Julien Duvivier, The Fallen Idol (1948) vum Carol Reed, Richard III (1955) vum Laurence Olivier, Exodus (1960) vum Otto Preminger an Doctor Zhivago (1965) vum David Lean.

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1952: Home at Seven - Haaptacteuren: Margaret Leighton, Jack Hawkins
Commons: Ralph Richardson – Biller, Videoen oder Audiodateien