Rabat (arabesch: الرباط ar-Ribāṭ, berberesch: ⵔⵔⴱⴰⵟ R-rbaṭ) ass d'Haaptstad vu Marokko a mat 580.000 Awunner (Stand: 2014) déi siwentgréisst Stad vum Land. Et ass d'Haaptstad vun der administrativer Regioun Rabat-Salé-Kénitra, a mat den Nopeschstied Temara a Salé, bilt Rabat eng Agglomeratioun vun iwwer 1,8 Milliounen Awunner.