Marc Assa
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Marc Assa | |
---|---|
Gebuer | 31. Januar 1941 |
Marc Assa, gebuer den 31. Januar 1941 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Manager.
Formatioun
- Wirtschaftshéichschoul HEC zu Paräis
- INSEAD zu Fontainebleau (Frankräich)
Karriär
- Mat 26 Joer huet hie seng Karriär bei Chevron ugefaangen, wou hie fir hir Bensinnsstatiounen zoustänneg war
- Vun 1968 un war de Marc Assa du bei Euroflor, der Fabrick fir Buedembelag zu Wolz, a gouf och hiren Direkter
- Déi Funktioun huet e weider behalen, wéi 1977 Sommer-Allibert d'Euroflor iwwerholl huet. Hie gouf du mat der onëmgänglecher Restrukturatioun vun der Entreprise chargéiert
- 1985 Generaldirekter vu Sommer-Allibert
- 1990 huet en dunn um Haaptsëtz vun der Gesellschaft (7.500 Beschäftegter an op 5 Kontinenter aktiv) d'Successioun vun hirem Grënner, dem Bernard Deconinck iwwerholl
- De Marc Assa war och laang President vun der FEDIL.
- Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der BGL BNP Paribas, Goodyear Luxembourg, Eurobéton, Banque internationale à Luxembourg an Arbed.
- De Marc Assa ass President vun der CDCL, Verwaltungsrotmember vu Zodiac Aerospace, nora systems, AXA Luxembourg a Member vum Beirat vun der Deutsche Bank.
Zitat vum Marc Assa
- C'est l'écoute du marché et la prise en compte à parts égales des intérêts de l'actionnaire, du client et du personnel, qui doivent commander la structure de l'entreprise.
Literatur
- Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 16: Marc Assa, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5