Antoine Lavoisier
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Antoine Lavoisier | |
---|---|
Gebuer |
26. August 1743 Paräis |
Gestuerwen |
8. Mee 1794 Place de la Concorde |
Doudesursaach | Käppen |
Nationalitéit | Kinnekräich Frankräich, Éischt franséisch Republik |
Educatioun | Faculté de droit de Paris |
Aktivitéit | Cheemiker, Ekonomist, Biolog, Physiker, Akademiker, Affekot, Astronom, Schrëftsteller |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze |
Famill | |
Bestuet mat | Marie-Anne Pierrette Paulze |
Papp | Jean-Antoine de Lavoisier |
Mamm | Emilie Punctis |
Den Antoine Laurent Lavoisier, fréier de Lavoisier, gebuer de 26. August 1743 zu Paräis, an och do gestuerwen den 8. Mee 1794, war e franséische Cheemiker, Philosoph an Ekonomist. Hien huet quantitativ Miessmethoden an der Chimie agefouert, d'Roll vum Sauerstoff bei der Verbrennung an am Oxidatiounsprozess vun der Ootmung erkannt an domat d'Phlogiston-Theorie, déi deemools dominant war, widderluecht. De Lavoisier huet vill Grondlage vun der moderner Chimie geluecht a gëllt als Grënner a Papp vun der moderner Chimie.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
No him genannt
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Antoine Lavoisier z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 15. Abrëll 1954 decidéiert um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Antoine Lavoisier verbënnt d'Rue Marie et Pierre Curie mam Boulevard de la Fraternité.
Soss doruechter
[änneren | Quelltext änneren]- Den Asteroid (6826) Lavoisier,
- de Moundkrater Lavoisier,
- en etlech Stroossen a Frankräich hunn den Numm Rue Lavoisier,
- verschidde Lycéeë wéi deen zu Paräis, zu Porcheville an zu Mayenne krute säin Numm,
- dem Lavoisier säin Numm ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Antoine Lavoisier – Biller, Videoen oder Audiodateien |