Op den Inhalt sprangen

Anden

Vu Wikipedia
Reliefkaart vun den Anden
Cono de Arita, Salta (Argentinien)
Südlech Ande bei Santiago de Chile

D'Anden sinn déi längst Gebiergskette vun der Welt (zirka 7000 km). Se zéie sech laanscht d'Westküst vu Südamerika vu Venezuela iwwer Kolumbien, Ecuador, Peru, Bolivien, Argentinien am Chile. Se bestinn aus 2 oder méi parallelen Haaptketten. Am mëttelste Segment a Peru, Bolivien, Nordchile an Nordargentinie leien déi Kette wäit auserneen, se ëmkreesen d'Héichland (Altiplano), wou matzen dran den Titicaca-Séi läit. Den Zentrum vum Inkaräich, Cuzco, läit nërdlech vum Héichland.

Am Süde vum Ecuador sinn d'Ande bis 200 km breet; tëscht Arica (Chile) a Santa Cruz de la Sierra (Bolivien) am Oste si s'iwwer 600 km breet.

Den héchtse Bierg, den Aconcagua ass 6.962 m héich. E läit an Argentinien op der Grenz mam Chile.

Bekannt Bierger vun den Anden

[änneren | Quelltext änneren]
Aconcagua 6.962 m Argentinien
Nevado Huascarán 6.768 m Peru
Alpamayo 5.947 Peru
Nevado Yerupajá 6.634 m Peru
Nevado Illimani 6.483 m Bolivien
Huayna Potosí 6.088 m Bolivien
Cerro Torre 3.133 m Argentinien

D'Anden an d'mëttelamerikanesch Kordilleren hu staark seismesch a vulkanesch Aktivitéiten. Déi héchst Vulkaner vun der Welt sinn do ze fannen: De 6.795 m héije Monte Pissis an Argentinien an de 6.864 m héijen Ojos del Salad (Argentinien-Chile). Vulkanesch Phenomeener, wéi Solfatar, Geysir a Fumarole si wäit verbreet.

Bekannt aktiv Vulkaner
Cotopaxi 5.897 m Ecuador
Tungurahua 5.010 m Ecuador
Pichincha 4.784 m Ecuador
Villarrica 2.840 m Chile

Wéi sinn d'Anden entstanen?

[änneren | Quelltext änneren]
Bléck aus dem Fliger

D'Ande sinn ongeféier 60 Millioune Joer al.


Commons: Andes – Biller, Videoen oder Audiodateien