1993
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1989 |
1990 |
1991 |
1992 |
1993
| 1994
| 1995
| 1996
| 1997
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1993.
D'Joer 1993 huet op engem Freideg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 1. JanuarEuropäesch Unioun trëtt a Kraaft.
- Tschechoslowakei spléckt sech an d'Tschechesch Republik an d'Slowakei. 1. Januar: D'
- 14. Mäerz: Andorra gëtt sech eng éischt Verfassung.
- 13. Mee: Zu Neuilly-sur-Seine hält e Mann, dee sech Human Bomb nennt, Spillschoulskanner als Geisel, hie gëtt vun enger Spezialunitéit vun der Police erschoss.
- 14. Mee: Déi däitsch Partei Bündnis 90/Die Grünen entsteet duerch d'Fusioun vun Bündnis 90 mat Die Grünen.
- 25. Mee: Zu Den Haag gëtt d'UN-Krichsverbriechertribunal fir Ex-Jugoslawien gegrënnt.
- : De 7. JuliGuntis Ulmanis gëtt Staatspresident a Lettland.
- : Den 9. AugustAlbert II. gëtt Kinnek vun de Belsch.
- : Den 1. NovemberTraité vu Maastricht trëtt a Kraaft.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : Den éischte lëtzebuergesche 5.000- 1. JuniFrangschäi kënnt eraus.
- 16. September: D'Melodie an déi éischt a véiert Stroph vun Ons Heemecht gi per Gesetz als Nationalhymn festgeschriwwen.
- 19. September: De Soziokulturelle Radio 100,7 geet op Sendung.
- 10. Oktober: Gemengewalen.
- 15. Dezember: Mam leschte Stéck vun Ëlwen op Gouvy gëtt d'Elektrifizéierung vun der Eisebunns-Nordstreck ofgeschloss.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 24. Mee: Eritrea gëtt onofhängeg.
- Presidentschaftswalen am 1. JuniBurundi.
- 12. Juni: Presidentschaftswalen an Nigeria.
- 29. Juni: Parlamentswalen am Burundi.
- 16. Juni: Parlamentswalen a Madagaskar.
- 10. Juli: De Melchior Ndadaye gëtt President am Burundi.
- 20. Juli: De France-Alber René gëtt als Staatspresident vun de Seychellen confirméiert.
- 21. Oktober: De President vum Burundi, Melchior Ndadaye, gëtt ëmbruecht, an der Folleg dovu brécht e Biergerkrich aus, an deem eng 100.000 Tutsien doutgemaach ginn.
- : Den 5. DezemberOmar Bongo Ondimba gëtt als Staatspresident vum Gabun erëmgewielt.
- 19. Dezember: De Lansana Conté gëtt als President vu Guinea erëmgewielt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]- 29. Juni: D'Kim Campbell gëtt Premierministesch a Kanada.
- 25. Oktober: De Jean Chrétien gëtt Premierminister a Kanada.
- 17. November: Den NAFTA, e Fräihandelsofkommes, gëtt tëscht de Vereenegte Staaten, Kanada a Mexiko ofgeschloss.
USA
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: De Bill Clinton trëtt säin Amt als US-President un.
- 26. Februar: Attentat op de World Trade Center zu New York, 6 Doudeger an eng Dausend Blesséierter.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Mee: De Juan Carlos Wasmosy gëtt Staatspresident vu Paraguay.
- 31. Dezember: Peru gëtt sech eng nei Verfassung a gëtt Republik.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Mee: ÉIscht fräi Walen zanter iwwer 20 Joer am Kambodja.
- 24. September: De Norodom Sihanouk gëtt Kinnek vum Kambodja.
- 27. September: Zu Sochumi, an Abchasien, ginn iwwer 7.000 geogesch Ziviliste massakréiert.
- : Den 3. OktoberHeydär Äliyev gëtt President vum Aserbaidjan.
- : Enn vun engem 4. OktoberPutschversuch a Russland.
- 12. Dezember: Éischt fräi Walen a Russland.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Abrëll: Éischt geheim an demokratesch Walen am Jemen.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis: Pol Greisch fir Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel.
- Batty-Weber-Präis fir de Léopold Hoffmann.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Mee: D'Niamh Kavanagh gewënnt fir Irland mam Lidd In Your Eyes den 38. Eurovision Song Contest zu Millstreet.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- D'Sond Galileo huet fir d'éischt en Asteroidemound, den Trabant Dactyl vum Asteroid Ida fotograféiert.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Den Avenir Beggen gëtt Landesmeeschter a gewënnt d'Coupe du Luxembourg am Foussball.
- 17. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:2 géint Griicheland.[1]
- 14. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:4 géint Russland.[2]
- 20. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 1:1 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet en islännesche Spiller geschoss. (Selbstgol)[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 8. SeptemberReykjavík, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:1 géint Island.[4]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 1:3 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Fanelli geschoss.[5]
- 27. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Budapest, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:1 géint Ungarn.[6]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Claire Parsons, lëtzebuergesch-brittesch Jazzmusekerin. :
- : 8. JanuarMikel Molitor, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Januar: Tom Krier, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 18. Januar: Pia Berscheid, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 30. Januar: Claude Bichel, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- : 7. FebruarRomy Gruber, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 28. Februar: Emmelie de Forest, dänesch Popsängerin.
- : 6. MäerzKevin Holtz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Mäerz: Tamara Cardoso, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 24. Mäerz: Michèle Breuer, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 10. Abrëll: Barbara Pravi, franséisch Sängerin.
- 12. Abrëll: TIX, norwegesche Sänger, Lidderschreiwer a Museksproduzent.
- 13. Abrëll: Hannah Marks, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. Abrëll: Timo Wagner, lëtzebuergesche Schauspiller.
- : 7. MeeRaphael Gindt, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 13. Mee: Romelu Lukaku, belsch-kongoleesesche Foussballspiller.
- 19. Mee: Kelly Schmit, lëtzebuergesch Volleyballspiller.
- 24. Mee: Bob Bertemes, lëtzebuergesche Liichtathleet (Kugelstoussen).
- 29. Mee: Alexei Nickels, lëtzebuergesche Fechter.
- 30. Mee: Yannick Bastos, portugisesch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 6. JuniAlex Laurent, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 26. Juni: Ariana Grande, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 26. Juni: Lynn Weis, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 13. August: Marisa Soares Marques, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 10. September: Laura Weber, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 17. September: D.Harmon, US-amerikanesch-lëtzebuergesche Rapper.
- 21. September: Fabienne Welsch, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 8. Oktober: Angus T. Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Oktober: Kim Godart, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- : 6. NovemberJeangu Macrooy, surinamesche Sänger a Lidderschreiwer.
- 12. November: Nadia Marcus, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. November: Eric Thill, lëtzebuergesche Politiker.
- : 8. DezemberLisa Noesen, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 13. Dezember: Jill De Bruyn, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 16. Dezember: Tom Welter, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 29. Dezember: Sébastien Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 6. JanuarDizzy Gillespie, US-amerikaneschen Jazz-Trompetist.
- Rudolf Nourejew, Ballet-Dänzer. 6. Januar:
- 13. Januar: René Pleven, franséische Politiker.
- 14. Januar: Vic. Abens, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Januar: Julio Coll, spuenesche Filmregisseur.
- 20. Januar: Audrey Hepburn, USamerikanesch Schauspillerin.
- 28. Januar: Helen Sawyer Hogg, kanadesch Astronomin.
- 28. Januar: Polo Welfring, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- : 3. FebruarFrançois Reichenbach, franséische Filmregisseur.
- : 5. FebruarJoseph L. Mankiewicz, US-amerikanesche Filmregisseur.
- : 9. FebruarVirginie Rausch, lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionikin.
- 10. Februar: Bengt Edlén, schweedeschen Astrophysiker.
- 25. Februar: Eddie Constantine, US-amerikaneschen, duerno franséische Schauspiller.
- 26. Februar: Arthur Maria Rabenalt, däitsche Regisseur an Auteur.
- 27. Februar: Lillian Gish, Schauspillerin.
- : 3. MäerzAlbert Sabin, US-amerikanesche Virolog, Erfinder vun der Polio-Schluckimpfung.
- : 4. MäerzThéo Kerg, lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Graveur a Vitrier.
- Georgette Anys, franséisch Schauspillerin. 4. Mäerz:
- : 5. MäerzHans Christian Blech, däitsche Schauspiller.
- Cyril Collard, franséische Schauspiller, Regisseur an Dréibuchauteur. 5. Mäerz:
- 26. Mäerz: Willi Schäferdiek, däitsche Schrëftsteller
- 14. Abrëll: Mett Hoffmann, lëtzebuergesche Moler.
- 17. Abrëll: Turgut Özal, Staats- a Ministerpresident vun der Tierkei.
- 18. Abrëll: Werner Pochath, éisträichesche Schauspiller.
- : 1. MeePierre Bérégovoy, franséische Politiker.
- : 6. MeeAnn Todd, englesch Schauspillerin.
- : 8. MeeHélène Palgen, lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin.
- 17. Mee: Robert Lapoujade, franséische Filmregisseur a Moler.
- 27. Mee: Serge Leroy, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. Juni: Wilhelm Gliese, däitschen Astronom.
- 19. Juni: William Golding, brittesche Schrëftsteller.
- 19. Juni: Jean Cau, franséische Schrëftsteller a Journalist.
- 14. Juli: Léo Ferré, franséische Museker a Sänger.
- 18. Juli: Jean Negulesco, rumänesch-US-amerikanesche Filmregisseur.
- 22. Juli: Luigi Peruzzi, italieenesche Resistenzler
- 31. Juli: Baudouin, Kinnek vun de Belsch.
- 16. August: Stewart Granger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. August: Paul Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriemanager.
- 25. August: Jean Reiffers, lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord.
- 31. August: Siegfried Schürenberg, däitsche Schauspiller.
- : 4. SeptemberBaltasar Lobo, spuenesche Sculpteur.
- : 7. SeptemberJean-Pierre Büchler, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. September: Raymond Burr, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. September: Erich Hartmann, däitsche Pilot an Offizéier.
- 21. September: Fernand Ledoux, franséische Schauspiller.
- 23. September: Marcel Wang, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 26. September: Robert Matagne, lëtzebuergeschen Auteur an Heraldiker.
- : 1. OktoberGeorges Faber, lëtzebuergesche Jurist an Industriemanager.
- : 4. OktoberAlex Wantz, lëtzebuergesche Politiker.
- : 5. OktoberKarl Gordon Henize, US-amerikaneschen Astronaut an Astronom.
- Alfred Oppenheimer, Geschäftsmann. 5. Oktober:
- 12. Oktober: Jean-Pierre Glesener, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 19. Oktober: Johnny Lucas, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 25. Oktober: Vincent Price, Schauspiller.
- 28. Oktober: Charlotte Engels, lëtzebuergesch Sculptrice a Molerin.
- 28. Oktober: Grégoire Leisen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 31. Oktober: Federico Fellini, italieenesche Regisseur.
- 31. Oktober: River Phoenix, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. November: Léon Roller, lëtzebuergesche Boxer.
- 21. November: Bruno Rossi, italieeneschen Astrophysiker an Astronom.
- 25. November: Hervé Bromberger, franséische Filmregisseur.
- 25. November: Anthony Burgess, Schrëftsteller.
- : 2. DezemberPablo Escobar, kolumbianeschen Drogeboss.
- : 4. DezemberFrank Zappa, US-amerikanesche Komponist a Museker.
- : 6. DezemberDon Ameche, US-amerikaneschs Schauspiller.
- : 7. DezemberFélix Houphouët-Boigny, éischte President vun der Côte d'Ivoire.
- 16. Dezember: Mathieu Lamberty, Museker
- 22. Dezember: Marion Burns, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. Dezember: Alfonso Balcázar, spuenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. Dezember: Zviad Gamsakhurdia, georgesche Wëssenschaftler a Politiker.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1993 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 17. Februar 1993 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland de 14. Abrëll 1993 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 20. Mee 1993 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Island-Lëtzebuerg den 8. September 1993 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 12. Oktober 1993 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg de 27. Oktober 1993 op der Websäit vun European Football